Actualité

UNICEF

D'UNICEF mecht eng ‚Porte à Porte' Campagne um Territoire vun der Gemeng Wëntger.

 

Bei dëser Campagne ginn d'Equippen bei d'Leit heem schellen, fir se iwwert d'Aarbecht vun UNICEF z'informéieren a fir hinnen d'Geleeënheet ze ginn sech anzeschreiwen fir reegelméissegen Donateur vun eiser Organisatioun ze ginn.

 

D'Leit sinn vun Méindes de 11/11 bis Samsdes, den 16/11 an der Gemeng ënnerwee.

 

Se huelen zu kengem Zäitpunkt boer Suen. Et geet, wéi gesot drëm d'Leit z'informéieren an reegelméisseg Donateuren ze rekrutéieren iwwert de Wee vun enger Inscriptioun iwwer iPad. Doriwwer eraus kënnen se sech mat engem Badge ausweisen an hu Kleeder mat eisem Numm a Logo un.

 

Fir weider Informatiounen: Tél. : +352 44 87 15 – 22 

 

D'Police ass iwwert dës Campagne informéiert.