Actualité

Seniorendag

Häerzlech Invitatioun op den

Senioren-Info-Nomëtteg

 

 

Jubilarenéierung – Konferenz - Kaffisstuff

 

Samschdes, de 7. Dezember 2019

vun 14.00 bis 18.00 Auer

am Centre culturel zu Wëntger

                             

                                                                                  

 

Dir Dammen an Hären,

 

D'Kommissioun fir den 3. Alter an d'Gemeng Wëntger, an Zesoammenoarbicht mat „Déi Junk vo Fréier", invitéieren Eech häerzlech op den Senioren-Info-Nomëtteg zum Thema „Gesond am Alter".

​ 

 

Hei fannt Dir, an enger gemittlicher Ambiance, mat musikalischem Kader, Informatiounen zum Thema Beweegung, Ernährung a Gesondheet allgemeng.

 

Verbréngt ee poar Stonne mat eis an eiser flotter Kaffisstuff. Den Entrée ass fräi. Umeldung bis den 29. November um Telefon 99 46 96-1 (Gemeng). Falls Dir eng Transportméiglechkeet braucht, sot w.e.g. op der Gemeng Bescheed.

 

Eis Jubilaren, déi dëst Joer 75 Joer al ginn, ginn och deen Dag geéiert (Kuckt de Formular hei drënner w.e.g.).

 

 

 

Léif Gebuertsdagskanner,

 

Dir feiert dëst Joer Ären 75. Gebuertsdag? Dann mellt Eech mat dësem Zeedel op der Gemeng Wëntger bis den 29. November oan (27, Haaptstrooss L-9780 Wincrange) oder rufft oan um Tel.: 99 46 96-1 (Gemeng)


Ee klenge Kaddo wäert dann um Senioren-Info-Nomëtteg op Eech.

 

Numm a Virnumm vum Jubilar: ___________________________________________

 

Gebuertsdatum: ______________________________________________________

 

Adress: _____________________________________________________________​



Hei ass d'Invitatioun fir rofzelueden: INV_Seniorendag2019.pdf