E Kanal, deen nie fäerdig gebaut gouf

 

Politisch Situatioun
Durech de Wiener Kongress am Joer 1814, nom Napoléon sénger Nidderlag, gouf äist Land obgedeelt. D'Präissen konnten hirt Land vergréisseren bis bäi d'Our, Sauer an d'Musel. Durech de Verlost vam alen lëtzebuerger Terrain, Sankt-Vith an Bitburg, gouf Lëtzebuerg als Ausgleich Deeler vam Fürstbistum Léck zouerkannt an déi gréißer Halschend vam Herzogtum Bouillon. Dat esou staark verkléngert Herzogtum Lëtzebuerg gouf zum Großherzogtum ernannt, et sollt nik als Provënz van Holland agesin gin, mee als eegenstännigen Staat, getrennt van Holland. Nëmmen d'Persoun vam Prënz sollt de Selwichten sën. Wëllem den I. war Kinik van Holland an Großherzog hei zu Lëtzebuerg. Wëllem den I. wollt awer säin ganzt Kinikreich gleich behandelen, d'Ennerscheeder op d'Säit bréngen an d'Belsch ewéi Lëtzebuerg an een gemeinsamen Staat iwergoen lossen. D'Hollänner haten awer an allen Entscheedungen Virdeeler. Dëst hatt zu Onrouen gefouert an et koum zur belscher Revolutioun am Joer 1830, an äist Land gouf fer déi 3. Kéier gedeelt. Distrikter Arel, Bastnech, Marche, Neufchâteau an Virton koumen bäi d'Belsch.

De Bau vam Kanal
An Holland hatt d'Ökonomie hir Zäit van der Bléi mee dach waren hir natirlech Quellen ageschränkt. Belsch an Lëtzebuerg han mat énger schwéierer Ökonomie-kris gekämpft, well héich Steieren operlaagt waren. Déi hollännisch Industriell hatten falsch an ze gënstig Virstellungen van der lëtzeburger Geologie. Zu där Zäit war dat eenzigt Transportmëttel d'Päerdsgespann. Besser Transportwéër mußten ageschaaft gin. D'Hollänner han d'Wasserwéër virgezugen. Am Dall van der Maas hat den John Cockerill éng Schéierindustrie an esou hatt et sech ergin fer dësen Dall mat anerer ze verbannen. Et hatt mussen ee Kanal geschaffen gin. Dësen Ardennerkanal sollt bäi Léck, 60 m iwert dem Mieresspiegel, afänken dem Floss der Ourthe nolafen, Comblain, Barvaux, Durbuy an Laroche passéieren fer duerno den "Hérou" ze erklammen. Zu Hauflischt akomm sollt de Kanal énger Bach zur Ostsäit nogoen fer no den Dierfer Schäiterig, Tievenig an Bäirig op d'Kopp anzekommen an hei sollten déi zwee Daller, Maas an d'Musel, mateneen verbonnen gin an dëst op 500 M. i.d. M. Durech Houffelt sollt den Kanal kommen fer duerno erafzegoen iwer Asselbuer, Klierf, Kautenbach der Sauer zou fir duerno bäi Wasserbëllig an d'Musel ze kommen. (130 M i.d.M.) Een ongleewigen Projet, ee Kanal van 60 op 500 m i.d.M. an duerno erëm araf op 130 Meter. 218 Schläisen waren programméiert an dëst op 261 Km Wasserwee. Am Juli 1827 krutt d'Gesellschaft "Société d'Exploration du Luxembourg" d'Konzessioun fer dës Kanalarbichten ze réaliséieren. Kapital waren 5 Millionen Gulden, dovan hatt de Kinik der 2 Milliounen. D'Pläng hatt den Ingénieur Remy de Puydt gezeechent deen d'Ardennen gudd kannt hatt.

D'Arbichten goufen an Deeler angedeelt:

  • Léck-Hauflicht
  • Hauflicht-Kautenbach
  • Kautenbach-Wasserbëllig

Hauflicht - Kautenbach, dëst war dee schwieristen Deel, hei musst de Kamp vam Dall van der Maas an van der Musel mateneen verbonnen gin. D'Virgesinn Bauzäit war 5 Joer.

Wéi konnt een dësen Problem léisen? Graw van 1350 M. zu Bäirischer Säit duerno een Tunnel van 2528 M. an duerno ee Graw van 1481 M. zur Houffelter Säit. Allerdings war hei zu Houffelt d'Enteegung vam Terrain mat villen Schwierigkeeten verbonnen. 1828 han d'Arbichten agefongen an zwar op hautiger belscher Säit fer op den Massdall zouzeschaffen. Ronn 400 Arbichter, haptsächtlich Hollänner, han hei geschafft, ee gewaltigen Projet wann ee bedenkt daß all dës Arbichten van Hand ausgefouert goufen mat der Schëpp an der Pioche. De Buedem gouf den Kanal-bierg erop gedroen an duerno mat der Schubbkar an dem Teimer ewee gefouert. Den 13. Januar 1829 gouf mam Tunnel zu Bäirisch agefongen. Daag an Naacht gouf geschafft, allerdings koumen se nëmmen een Meter pro Daag viran. Dorop hën han se 5 Schächt gegrawen, iwert den virgesinnen Tunnel, fer op méi Plaatzen kannen ze schaffen. Zu Houffelt sën an der Tëschenzäit d'Arbichten gudd vira kommen. Een Deel van dësem Kanal kannt där hei zu ärer rechter Säit, hannert Eech, gesinn ewou de Gaart agelaagt ass. 1830 ass zu Bréissel d'Belsch Revolutioun ausgebrach an dëst hatt et mat sech bracht datt den Kanal nie fäerdig gouw. Am September 1831 sën d'Arbichten definitif obgehaalen gin bedingt durech déi "nei" Lännerandeelung. Déi nei Grenz ass iwert de Kanal agelaagt gin an dëst war och d'Enn vam Kanal. Den 12. Dezember 1830 gouf na een Inventär obgestallt an doraus sën folgend Chiffren ze liesen: 1100 Schëppen, 1679 Eisen-Schubkarren, 505 holzen Schubkarren, 33 Teimeren, 1075 Piochen, éng Zillefabrik asw. Zu Bäirisch war den Tunnel ewell 1130 Meter an de Bierg eragegrawen an déi éischt 337 Meter waren mat Zillen ausgebaut. 1964 gouf den Kanal, hei direkt nannert eech, zougeschott. Houffelt war iwer 130 Joer an "zwee gedeelt", afangs matt énger Holzbrék mateneen verbonnen a méi spéit gouf Buedem obgefëllt fer éng Strooss kannen anzeléën.